E Studium ass eng Kachschoul a kee Restaurant

An der Lescht war ech e bëssen iwwerrascht, wéi verschidde Studenten a Studentinnen hir Aarbecht, also hire Studium op der Universitéit verstinn (an der Sproochwëssenschaft). Op der Uni Lëtzebuerg gëtt et anonym Feedback-Ronnen. Dat heescht, all Student an all Studentin kann um Enn vum Semester de Cours bewäerten. Dat gëtt online an anonym gemaach. Ausserdeem gëtt de Feedback eréischt fir Proffe fräigeschalt, nodeems d’Notte vum Semester agedroe sinn. Et gëtt also kee Risiko, dass ech Studenten a Studentinnen opgrond vun hiren Aussoe kéint identifizéieren a mat enger méi schlechter Nott bewäerten (oder enger besserer). Esou hunn d’Proffen d’Méiglechkeet, ze kucken, wéi se d’Coursë kënne méi accessibel maachen a wat gutt a wat net gutt geklappt huet.

De Problem, deen ech elo relativ oft an dësem Feedback gesinn, ass, dass vill Studentinnen a Studenten sech net bewosst sinn, wat e Studium bedeit. Ech wëll dofir gären eng Analogie maachen zu enger Kachschoul par rapport zu engem Restaurant. Wann ech an e Restaurant ginn, da gesinn ech, wéi eng Platen au choix sinn, an da sichen ech mer een eraus, op deen ech Loscht hunn a fir deen ech wëll bezuelen. An da kann ech dee Plat gutt oder schlecht fannen: Ech setze mech dohinner an ech setze mech just mam Resultat auserneen an dat konsuméieren ech dann.

An enger Kachschoul oder an engem Kachcours hunn ech zwar och dat selwecht Endresultat, am Sënn vun, dass ech herno e bestëmmte Plat do stoen hunn, awer ech muss och léieren, wéi ech dohinner kommen. Ech gi geléiert, wéi ech Fleesch a Geméis schneiden, wéi ech Iessen ofschmaachen, wéi ech selwer bei dat Resultat kommen an och wéi ech mat Problemer ëmginn. Um Enn kann ech dat Resultat och gutt oder schlecht fannen, awer ech ginn déi eenzel Schrëtt geléiert, ech gi guidéiert, fir eppes op eng bestëmmten Aart a Weis ze maachen oder bei e bestëmmt Resultat ze kommen. Dono kann ech selwer kucken, wéi ech mat deem Resultat eens ginn an ech ka selwer doheem weidertesten, mat neie Platen oder Variatiounen dovun.

Wéi déi Analogie elo fonctionnéiert, ass, dass ech am Feedback fir meng Coursen heiansdo do stoen hunn, dass d’Studenten an d’Studentinnen d’Gefill haten, se misste vill selwer maachen, vill liesen. Als Virschlag schreiwen se: De Proff hätt kënne fir si Resümmeeë maachen, éier iwwer den Text geschwat gëtt. De Proff hätt hinne sollen déi wichtegst Punkten am Ufank soen, am beschten an enger Powerpoint. An da froen ech mech: Wëssen déi Leit, wéi e Studium fonctionéiert? Ass hinne bewosst, dass d’Fäegkeet, déi wichtegst Saachen ze erkennen a Konzepter ze hannerfroen, e groussen Deel vum Studéieren ass? An déi Zort Feedback kënnt meeschtens vu Leit, déi schonn am Master sinn, also schonn op d’mannst 3 Joer Studium hanneru sech hunn …

Wann ech e wëssenschaftlechen Text hunn, da kann ech als Proff natierlech dovunner e Resümmee maachen an déi wichtegst Punkten erausgräifen an am Cours opzielen. Awer dat kann ech maachen, well ech selwer geléiert hunn, wéi ech esou Resümmeeë schreiwen. Wat ech awer an engem Masterstudium wëll bäibréngen, ass: Wéi ginn ech mat komplizéierten Texter ëm? Wéi kann ech selwer déi wichtegst Informatiounen exzerpéieren?

An dann deet et mer leed, dass dat fir si wéi en negative Punkt eriwwerkënnt, dass si sech selwer musse preparéieren – virum an och nom Cours! Meng Coursë leie bei 4-6 ECTS, 1 ECTS = 25 Stonnen. Minus d’Presenz am Cours (wa se ëmmer do waren, also ronn 25 Stonnen) = 75-125 Aarbechtstonnen, an deenen se sech ausserhalb vum Cours mat engem Sujet mussen auserneesetzen. Just “gutt nolauschteren” eleng wäert een net duerch e Studium bréngen. Ech kann och ganz oft e Plat iessen oder och emol nokucken, wéi e gemaach gëtt. Mee et ass eppes ganz aneres, d’Ingrediente selwer ze organiséieren an esou ze kachen, dass se dono dee Plat erginn, deen um Teller soll sinn.

Et ass e Studium, et ass de Kachcours. Et gëtt kee gezwongen, dat ze maachen. Wann Der awer an esou e Cours gitt – a meng Coursen hu meeschtens eppes mat Sproochstruktur ze dinn, wou een einfach säin Handwierksgeschier muss léieren – da muss ee sech och heiansdo duerch Texter knaen an déi zesumme reflektéieren. An iergendwann kommt Der op dee Punkt, wou Der selbststänneg kënnt wëssenschaftlech Analyse maachen. Als Ergänzung: Den Zougang zum Internet ass eng super Source, fir Wëssen opzebauen, fir ze recherchéieren, Definitiounen ze sichen, mee ech muss déi Source dofir richteg notzen. Dat ass leider och eppes, wat ech bei den ‘digital natives’ e bësse vermëssen.

Eng aner Approche vu Studenten a Studentinnen, grad a Coursen, wou et en Exame gëtt, ass ze froen, ob et e Corrigé vun allem gëtt. Wou stinn d’Léisungen? D’Äntwert ass: zesummen iwwer Saachen diskutéieren, zesumme Froe stellen, Äntwerte sichen, zesummen d’Exercicer kucken – dat ass de Cours an dat ass de Corrigé. Et ass net d’Aarbecht vum Proff, fir all Detail opzeschreiwen, alles nach eng Kéier digest schrëftlech festzehalen. Wa mer d’Léisungen net am Cours beschwätze kënnen, da gëtt et natierlech e Corrigé. Komplex Inhalter an Aufgabe ginn un d’Tafel geschriwwen. Ech weess net, wéini dat geschitt ass, fir de Proff ëmmer an déi Roll ze bréngen, alles ze liwweren a sech net méi selwer Saachen zesummenzeschreiwen. Jo, all Mënsch huet säin Tempo an och emol een Dag, wou een net alles matkritt, awer do huet ee sech ënner de Leit am Cours ze organiséieren: Hey, kanns du mer deng Notte ginn? Oder en Audiogerät matlafe loossen, fir d’Saachen opzehuelen a sech déi selwer ze transkribéieren.

Eppes, wat d’Leit heiansdo vergiessen: Den Enseignement op der Uni ass (leider) net den Haaptjob vun de Proffen, mee d’Proffe sinn Experten an engem Feld a se fuerschen. An nieft hirer Fuerschung, wat grad am Lëtzebuergeschen immens interessant ass, huelen se all hir Erkenntnesser, alleguer hir Methode mat, a brénge se deene jonke Leit bäi. Awer et ass net mäin Haaptjob, just Studenten a Studentinnen ze kadréieren, wann déi sech net selwer fir eppes engagéieren.

Um Enn nach eng Kéier kuerz zréck bei déi insgesamt 100-150 Aarbechtsstonnen, déi mam Cours a Verbindung stinn: Wann ech mech 100 Stonne mat eppes beschäftegen, dann hunn ech d’Fäegkeet, den Examen ze packen oder eng gutt Aarbecht ofzeginn. An iwwert d’Semester (bal 5 Méint) hunn ech déi 100 Stonnen Zäit, fir dann och dem Proff Froen ze stellen, wann ech mat eppes net eens ginn, well dofir ass de Cours do. De Cours ass, fir dat ze diskutéieren, wat ech doheem selwer opgeschafft hunn oder wat ech muss wëssen, fir dono eleng mam Theema eens ze ginn – Schrëtt fir Schrëtt. Ech hunn eng Kéier héieren, dass, wann ee sech 100 Stonne mat enger Saach beschäftegt, ee besser wéi 10 % vun de Leit ass, déi sech nach net domat auserneegesat hunn. Et ass ustrengend, jo, awer et ass awer och flott, fir herno ze gesinn, wat ee gepackt huet.

An dat si Saachen, wou ech net weess, wou ech ufänke soll an ob mir den Niveau an der Konsequenz net ëmmer méi erofschrauwen. Awer wat bréngt e Cours, bei deem d’Leit net matkomme resp. net matmaachen? Dat beschäftegt mech an och déi Unisproffen, mat deenen ech schwätzen. An all Engagement an all zousätzleche Contrôle continue resultéiert an nach méi Opwand fir e leider onkloren Output. Ech maachen elo ganz bewosst d’Këscht vun den Chatbots NET op, well déi déi studentesch Aarbecht zousätzlech beaflossen …

An elo? Ech froe mech, wourop dat zréckzeféieren ass an ob verschidde Leit vläicht einfach net fir e Studium gemaach sinn. Et geet jo drëm, fir selwer erauszefannen, wéi ee mat Texter eens gëtt, déi komplizéiert sinn a vill Fachbegrëffer enthalen. Als Proff ginn ech hinne Piste vir: Wat bedeit eigentlech dee Begrëff? Gitt dee mol eng Kéier nosichen a kuckt, ob Der mat den Definitiounen eens gitt a mer schwätzen zesummen driwwer. Resultat: “Wéisou seet de Proff eis net direkt, wat dat heescht?!” An elo zréck bei meng Kachschoulanalogie: Ech wëll hinnen net weisen, wéi de fäerdege Plat ausgesäit, mee ech wëll hinne weisen, wéi se selwer bei e komplexe Plat kommen.

Mir ass et wichteg, e Kader ze schafen, an deem ee sech selwer ka Saache bäibréngen, zesummen an am Eenzele léiert. Dat ass nämlech de Punkt vum Studium, Saachen erauszefannen, ze differenzéieren an dobäi guidéiert ze ginn. Ech si motivéiert – mee sinn déi aner et och?

Bild: Toa Heftiba via unsplash

Hinterlasse einen Kommentar