Lëtzebuergesch Grammaire – eppes, wat mech scho laang faszinéiert a wat mech berufflech begleet!
Op dëser Plaz fannt Der eng Iwwersiicht iwwer déi grammatesch Phenomeener, déi ech a menger Emissioun Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch um 100,7 virgestallt hunn. Den Zilpublikum vun der Emissioun si Leit, déi Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn oder sech einfach fir d’Struktur vum Lëtzebuergeschen interesséieren. Linguistesch Virkenntnisser kënne vu Virdeel sinn, mee d’Emissioun ass och fir Net-Linguiste geduecht!
Déi éischt Episod iwwer d’Grammaire vum Lëtzebuergeschen a seng Kuriositéiten ass am September 2019 gelaf an déi lescht koum am Juli 2021.
Notzen an Zitéieren
The audio files on this website are for educational and informational purposes only. Any attempt to imitate, reproduce, or redistribute this content without explicit authorization is a violation of copyright and intellectual property laws. By using this site, you agree to these terms.
Dir kënnt dës Inhalter gäre fir edukativ Zwecker benotzen, sief et an engem Cours oder fir Iech selwer. Gitt dofir wgl. d’Quell un. Zitéiere kënnt Der déi eenzel Bäitrag esou:
Döhmer, Caroline (2021): „Titel vum Bäitrag“. Aus der Serie Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch. An Zesummenaarbecht mam Radio 100,7. URL: doehmer.net/grammaire.
Iwwersiicht
Déi grammatesch Phenomeener aus menge Bäiträg sinn hei no den Haapttheemaen ënnerdeelt. Klickt einfach op de Button ‚Audio an Text‘, fir bei déi passend Bléck ze kommen. Do fannt Der den mp3-Fichier mat Audio-Button an de Link op den 100,7 mam Text vun der Episod.
Aussprooch an Orthografie
- n-Reegel
- Komma-Reegelen
- E ganz besonnesche Laut: de Schwa <ë>
- Erklärungen iwwer d’Schreifweis vun <éch> (sécher, dréchen), Lautwandel: [e] zu [ə] an [ɕ] zu [ʃ] (hie mécht vs. hie mëscht)
- Elisiounen (wa Lauter „verschléckt“ ginn)
- De Geeschter-r (den <r>, deen een net héiert): Wieder vs. Wierder
- Suffixen an der Orthografie
- Spoiler, Äusserung, Europa – een Diphthong, dräi Schreifweisen <oi>, <äu>, <eu>
- De schaarfen an de mëllen s
- Ennverhäerdung (Feld – Felder)
- Assimilatioun vun rs > sch (besonnesch, Bäckesch, Nopeschland)
- Ob oder op? Erklärung iwwer e beléifte Schreiffeeler
- Regressiv Assimilatioun vun der Stëmmhaftegkeet (wa Lauter virun engem Vokal vermëllt ginn wéi bei Ba[g]uewen)
- Wat ass eng betounte Silb a wéi erkennen ech se?
Wuertbildung
- Suffixen an der Wuertbildung
- De Suffix {-ert} (Sténkert, Pissert)
- Kofferwierder (wa Wierder matenee verschmëlzen)
- Zesummesetzung (Kompositioun) a Kapp-riets-Prinzip bei Substantiver
- Den Zirkumfix {Ge-s}: Gebraddels a Gefisems
- Fouenelementer am Lëtzebuergeschen: Sprooch-e-cours, Physik-s-cours, Danz-cours
- Den Diminutiv: Scheewercher a Fëschelcher
Wuertaarten (Pronomen, Verb & Co.)
- Personalpronomen: Referenz op Fraen (hatt vs. si)
- Personalpronomen: staark a schwaach (hien/en, mir/mer)
- D’Hëllefsverb wäert(en) tëscht modalem an temporalem Gebrauch
- Vokalwiessel am Present (ech froen / du frees)
- Vergaangenheetsformen: Preteritum a Perfekt
- Partikelverben (opmaachen / ech maachen op)
- Den duebele Perfekt (ech hunn dat gesot gehat)
- Den deonteschen Infinitiv = den Infinitiv vun der Opfuerderung (positiv denken!)
- Grammatikaliséierung: Wéi entstinn eigentlech Hëllefsverben?
- Staark a schwaach Artikelen (Definitartikel: déi vs. d´, deen vs. den)
- D’Kombinatioun staarken/schwaachen Definitartikel + Adjektiv (déi nei Adress, dat schaarft Messer)
- Staark a schwaach Artikelen an Adverben (een/en, doduerch/derduerch)
- eng als approximativen Artikel bei engem Pluriel mat Zuelwuert (eng 300 Leit)
- eng als Deel vun engem komplexen Interrogativartikel am Pluriel (Wéi eng Äppel sinn dat?)
- D’Bildung vum Pluriel
- Genusschwankungen (deen oder dat Krokodil?)
- Lännernimm an hire Genus: a Japan, an der Belsch, am Senegal
- dass vs. datt
- zwee vs. zwou, annerhallef
- Steigerung (grouss, méi grouss, am gréissten)
- Prepositiounen: Verschmëlzungen (beim, zur) a Kasuswiessel (an der Schoul / an d’Schoul)
- Den <t> um Enn vu Prepositiounen: iwwer(t), hanner(t)
- Adverbien (lokal an temporal): hei, do; deen heiten, deen doten
- Interjektiounen a Lautmolerei: flang, bumm, zack
Kasus
- D’Schicksal vum Nominativ
- Genitiv am Lëtzebuergeschen
- Partitiv (Konstruktioune mat däers/es, där/der)
- Partitivendung beim nominaliséierten Adjektiv {-er}: Dat sinn awer Décker!
- Dativ: De Kasus vun de Gefiller
- Den Dativ-m: mat guddem Gewëssen
Sazbau / Syntax
- „et ginn Ausnamen“ oder „et gëtt Ausnamen“: Reinterpretatioun vum Sujet
- Possessioun a Relatioun: dem Pol säi Kaddo an de Kaddo vum Pol
- D’Sazfunktioune vum Neutrumpronomen et
- Ellipsen (systematesch Sazkierzung)
- Bofferdeng a Battin [vum Faass] – Wat ass Skopus a wéi erkennt ee grammatesch Méideitegkeet am Saz?
- Sazdeeler, déi no vir an no hanne réckelen: Dat Summerwieder, dat deet richteg gutt!
- Relativsätz mat wou (dee Restaurant, wou mer waren)
- Den Niewesazmarker s beim Sujet du/de: ob s de gees, wann s de mengs
- Den Niewesazmarker en beim Sujet mir/mer, si/se: ob e mer ginn, datt en se matkommen
- D’Reiefolleg vun de Verben am Niewesaz
- Passivbildung (Passiv mat sinn, ginn a kréien)
- Den Ersatzinfinitiv bei Modalverben (hien hätt >kënne< froen)
Aner Beräicher
- Kniddel, Knuet, knuutschen – etymologesch Zesummenhäng bei Wierder mat <Kn>
- Prototyppen an der Linguistik an am Lëtzebuergeschen
- Den Ënnerscheed tëscht geschwater a geschriwwener Sprooch
- Firwat a wéi verännert sech d’Lëtzebuergescht?
- Reduplikatioun an Tautologien an der Alldagssprooch
- Gëtt et dee perfekte Synonym? Erklärungen iwwer Sproochwandel a Bedeitungsnuancen
Dir hutt nach net genuch?
Hei geet et bei meng Emissioun ‚E puer Wierder iwwer Wierder‘.
Dir wëllt Iech a verschidden Theeme méi genee aliesen?
Hei geet et bei meng wëssenschaftlech Publikatiounen.
Nach Froen oder Remarken?
Hei geet et bei de Kontaktformulaire.