StudentenEck

Dësen Eck ass geduecht fir d’Studenten an d’Studentinnen, déi op der Uni Lëtzebuerg Luxemburgistik studéieren an/oder bei mir eng Ofschlossaarbecht schreiwe wëllen (B.A.- oder M.A.-Thees).

„Ech hu sou laang e Motivatiounsproblem,
bis ech en Zäitproblem hunn.”

Denkt un e gudden Zäit- a Ressourcëmanagement. Dir packt dat!
Fir déi eenzel Etappe fannt Der hei ënnendrënner e puer nëtzlech Informatiounen.

En Theema eraussichen

Wann Der Iech decidéiert hutt, bei mir eng (Ofschloss-)Aarbecht ze schreiwen, da sidd Der warscheinlech an iergendenger Form un der Grammaire resp. der Struktur vum Lëtzebuergeschen interesséiert (oder och um Däitschen). 

Zentral Froe sinn: Wat interesséiert Iech genee? Wat wëllt Der erausfannen? Wéi kënnt Der Är Froestellung agrenzen? Wéi eng Beräicher sinn zentral? Mat wéi engen Donnéeë kënnt Der Äntwerte fannen an Är Fro wëssenschaftlech analyséieren? Wou fannt Der déi passend Fachliteratur?

Kuckt, dass de Proff, deen Iech betreie soll, bei Äert Theema passt a maacht Virschléi, wien als Zweetkorrekter a Fro kéim. Béid Informatioune wéi och de virleefegen Titel vun Ärer Aarbecht mussen op der Umeldung vun Ärer Aarbecht stoen.

Lektür organiséieren

Wéi fënnt ee gëeegent Literatur? Kuckt op verschidde Ressourcen, déi Der am Studium kenne geléiert hutt. Dat ass eemol den a-z.lu oder d‘Bibliolux-Bibliografie um Zotero, déi vum Här Gilles geréiert gëtt. Hei hutt Der d’Méiglechkeet, bestëmmt Texter zu engem Theema ze fannen. Wichteg: Kuckt an den Texter an d’Bibliografie, fir esou ëmmer méi déif an en Theema eranzekommen, well all wëssenschaftlech Publikatioun baséiert op anere wëssenschaftleche Publikatiounen.

Mam Lëtzebuergeschen ass et allerdéngs esou, dass ee vill Saachen oft ganz nei recherchéiert – et ass souzesoe Pionéieraarbecht. Dat ass e Virdeel, kann awer och en Nodeel sinn. Et ass gläichzäiteg flott an usprochsvoll.


Dir wäert selten eng Analys fannen, déi sech 1:1 mat genee deem Theema auserneesetzt an déi Der zitéiere kënnt – mee dofir maacht Dir jo d’Analys. Dir kënnt awer kucken, ob änlech sproochwëssenschaftlech Analyse scho fir aner Sproochen oder Dialekter gemaach gi sinn. An da kënnt Der Iech do den Opbau ukucken, d’Resultater studéieren, d’Methodik duerchliesen an déi versichen ze replizéieren. Oder och kucken, wat net gutt geklappt huet. An dorauser léieren. Eppes am Lëtzebuergeschen ze recherchéieren, ass vill Transfert- an Eegeleeschtung. 

Sech fir d’Spriechstonn preparéieren

Bei der Preparatioun vun enger Ofschlossaarbecht soll et op d’mannst dräi Rendez-vouser mat Ärem Betreier oder Ärer Betreierin ginn. Am beschte verdeelt Der déi iwwert déi ganz Dauer vun Ärer Aarbecht. Den éischte Rendez-vous soll sinn, fir zesummen d’Iddi auszeformuléieren, d’Methodik ze diskutéieren an och iwwert d’Donnéeën ze schwätzen. Bréngt awer och an déi éischt Spriechstonn scho konkreet Iddie mat, recherchéiert schonn, kuckt, dass Der scho virun der Spriechstonn dräi bis véier wëssenschaftlech Artikele gelies hutt, déi sech mat engem änlechen Theema befaassen. Op dës Manéier wësst Der schonn, wéi ee sech mat där Saach kann auserneesetzen oder wat de Spektrum vun deem Phenomeen ofdeckt. Sou kënnt Der och d’Spriechstonn mam Proff ganz effikass notzen.

Bei deenen anere Rendez-vouse kënnt Der eenzel Problemer beschwätzen, déi Der villäicht e puer Deeg virdrunner per Mail ukënnegt, fir dass de Proff sech vläicht deementspriechend preparéiere kann. Bréngt ëmmer konkreet Froe mat, well nëmme sou kann een Iech och geziilt hëllefen. Beim leschte Rendez-vous schéckt Der am beschten eng Woch virdrunner en Auszuch vun engem Kapitel, dass de Proff – éier Der ofgitt – kucke kann, wéi Äre Schreifstil ass, oder wichteg inhaltlech Saachen diskutéiert ginn. Wëssenschaft ass ëmmer en Austauschen an e Fro-Äntwert-Spill.

Empiresch schaffen / Donnéeë sichen

Bei Ärer Froestellung musst Der gutt kucken, wéi eng Donnéeë gëeegent sinn, fir Äntwerten op Är Fro(en) ze fannen. Dir kënnt super Donnéeën hunn, déi awer net bei Är Froestellung passen. Wann Der Iech zum Beispill fir eppes interesséiert, wat selten ass oder wat eng ganz speziell Konstruktioun ass, da kann et sinn, dass Der en opwänneg zesummegestallte mëndlechen oder schrëftleche Korpus hutt an dass Der vläicht zwou Konstruktioune vun deem Genre fannt.

Passt also d’Donnéeën op dat un, wat Der erausfanne wëllt. Hei gëtt et verschidden Optiounen, déi ënnerschiddlech virbereet musse ginn. Denkt matzäiten drun, dass Är Donnéeë prett sinn am zäitleche Kader vun Ärer Ofschlossaarbecht. Sou kënnt Der zum Beispill mat engem Korpus schaffen, wann Der Iech fir Fouenelementer interesséiert. Dir kënnt RTL-Artikele kopéieren, Dir kënnt Eldoradio-Artikele kopéieren. Et gëtt am Moment immens vill Lëtzebuergesch am Internet, wat fräi verfügbar ass a wat Der einfach kënnt zesummekopéieren, fir d’lëtzebuergesch Sproochstruktur a Gebrauchsmuster ze erfaassen. Froebéi kënnen e bësse méi schwiereg sinn a brauchen eng detailléiert Virbereedung an eng gutt Ëmsetzung. Well mat Froebéi kënnt Der just eemol d’Saachen offroen an se dierfen och net ze laang oder ze komplex sinn, well d’Leit soss den Intressi verléieren (mir hu leider keng Suen, fir d’Participant/ëe vun esou Studien ze bezuelen). Dofir musst Der do am Ufank gutt wëssen, wat Der frot, dass Der net ze vill frot, net ze wéineg an d’Leit net iwwerfuerdert.

Beim Theema Leit geet et drëm, genuch Participanten ze fannen, déi Äre Froebou ausfëllen, well Dir wëllt op d’mannst 20 oder 50 Persounen hunn, déi Iech sproochlech Donnéeë ginn, fir iwwer eng Saach kënnen konkreet Aussoen ze maachen. De Virdeel ass, dass Är Donnéeë vergläichbar sinn a quantitativ kënnen duergestallt ginn. E Froebou ass allerdéngs net ëmmer obligatoresch an et gëtt verschidde Weeër, fir Äntwerten op wëssenschaftlech Froen ze fannen.

Är Aarbecht strukturéieren

Och beim Schreiwen ass dee richtegen Zäitmanagement immens wichteg. Kuckt, dass der matzäiten ufänkt an dass déi eenzel Deeler vun Ärer Aarbecht gutt strukturéiert sinn. Generell besteet eng wëssenschaftlech Aarbecht aus dëse Kärberäicher:
1) Introduction [déi konkreet Froestellung, Zil vun der Aarbecht, Relevanz]
2) Theoreetesche Kader a Methodologie [Fuerschungskontext a Kärbegrëffer erklären, Theorie beliichten, empireschen Zougang beschreiwen]
3) Resultater an Analys [Resultater presentéieren, Donnéeën interpretéieren, zentral Erkenntnesser weisen]
4) Diskussioun/Synthèse [Äntwert op Är konkreet Froestellung, Limitte vun Ärer Recherche, Anuerdnung an de Fuerschungskontext, oppe Froen]
5) Conclusioun [Resümmee vun Ärer Resultater, Weeër fir weider Recherchen]

Weider Elementer: Titelsäit, Inhaltsverzeichnis, Bibliografie, Selbststännegkeetserklärung

Optional Elementer (wann ubruecht): Abstract, Ofkierzungsverzeichnis, Annexen, Widmung/Remerciement

Ëmfang vun enger Bachelor-Aarbecht (Lux.): 12.000-15.000 Wierder; Master-Aarbecht (Lux.): 70-80 Säiten.

Den Text schreiwen an iwwerliesen

Et ass net just wichteg, dass Ären Text gutt strukturéiert ass, mee et ass och wichteg, dass e richteg geschriwwen ass. Benotzt dofir, wannechgelift, Tools wéi Spellchecker.lu, déi Iech déi graff Feeler schonn eng Kéier korrigéieren. E schlecht geschriwwenen Text gëtt ëmmer méi negativ bewäert. Vergiesst net, Ären Text ëmmer vun op d’mannst enger anerer Persoun noliesen ze loossen, am beschte Fall eng Persoun, déi ganz gutt an där Sprooch ass, an där Der schreift – an dësem Fall Lëtzebuergesch. Am Optimalfall ass et eng Persoun, déi Anung vu Linguistik huet an Iech och inhaltlech kann ënnerstëtzen a pertinent Remarke maachen. Dat heescht net, dass Der per se schlecht schreift, mee ganz oft kann et hëllefen, wann eng aner Persoun et liest, déi da seet: „Ech hunn dat net richteg verstanen, kanns de dat méi kloer maachen?“ Um Enn ass den Text an deene meeschte Fäll méi prezis a verschidde Widderhuelungsfeeler kënnen op déi Manéier evitéiert ginn.

Richteg zitéieren

Am Prinzip benotze mer an der Linguistik déi sou genannten Harvard Kurzzitierweise. Hei gëtt et vill Hëllefsquellen am Internet.

Internetressourcë wgl. richteg zitéiere mat der ganzer URL an dem Datum vum leschten Accès. Et gëtt keen eenheetlecht Format, fir Internetsäiten ze zitéieren. Dat läit och dorunner, dass et keng eenheetlech Publikatiounsform ass: E Wikipedia-Artikel ass eppes aneres wéi e Blog oder eng Online-Versioun vun enger Bacheloraarbecht. Versicht dofir, all Element aus der Source esou rëmzeginn, dass een erkennt, a) wat et ass, b) vu wiem et ass, c) vu wéini, d) wou een et fënnt (Link) an e) wéini Äre leschten Accès war (well Sitte sech veränneren oder Links net méi gülteg sinn). Geet et ëm en einfacht Beispill, wat ee wëll vun rtl.lu oder Instagram zitéieren, da kënnt Der och (Internetbeleeg) oder (rtl.lu) schreiwen an déi genee Informatiounen an eng Foussnott setzen. Jee no Fokus vun der Aarbecht kann een och mat Screenshots schaffen (hei sollt een awer kucken, dass et iwwersiichtlech bleift). Et brauch ee kee Screenshot vun enger normaler Google-Recherche oder dem LWB. Faasst do wgl. déi wichtegst Saachen zesummen.

Bei engem Online-Dictionnaire wéi dem LOD musst Der net ëmmer all Lemma-Link eenzel zitéieren. Schreift just, dass d’Definitiounen oder d’Beispiller aus dem LOD sinn. An der Bibliografie schreift Der zousätzlech, op wéi engem Dag Der d’Inhalter vum Site fir d’lescht gekuckt hutt (well sech d’Inhalter vum LOD jo vu Mount zu Mount verännere kënnen).

Hei e Beispill fir eng lëtzebuergesch Bibliografie an der Linguistik (d’Wierker bleiwen an der Originalsprooch, just Detailer wéi “in”, “Herausgeber” oder “Auflage” sollten iwwersat ginn => an, Editeur, Oplo).
Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, Joreszuelen a méi Auteuren ze nennen, maacht et just eenheetlech wgl.

Krier, Fernande (2002): Proklitika und Enklitika im Luxemburgischen. An: Dialectologia et Geolinguistica. Berlin. S. 41-58.
Gilles, Peter (2006): Dialektausgleich im Luxemburgischen. An: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zu Diachronie und Synchronie. Erausgi vu Claudine Moulin & Damaris Nübling. Heidelberg: Winter. S. 1-27.
ODER An: Moulin, Claudine & Nübling, Damaris (Ed.): Studien …
Niebaum, Hermann & Macha, Jürgen (1999): Einführung in die Dialektologie des Deutschen. Berlin, Boston: De Gruyter.
LOD = Lëtzebuerger Online Dictionnaire (2007ff.). Leedung: Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. URL: http://www.lod.lu (leschten Accès: 10.10.2020).

Wann Der mam Zitéierformat onsécher sidd, da kuckt einfach, wéi aner Leit aus Ärem Fachberäich zitéieren oder wéi déi mat Online-Ressourcen ëmginn. Dir sidd bestëmmt net déi éischt Persoun, déi eppes aus dem Internet zitéiert. Maacht Iech mat de Stiler an Ärem Fachberäich vertraut, well an der Literatur gëtt beispillsweis anescht zitéiert wéi an der Linguistik.

Sidd prezis mam Zitéieren, well Plagiatfäll oder Elementer vun ChatGPT tauche séier op a kënne sech negativ op Är Nott auswierken (vu Punkteverléiere bis Net-Packen an a schlëmme Fäll d’Exmatrikulatioun).

Potenziell Theemen / Fuerschungsfeld Lëtzebuergesch

+ Linguistic landscape an der Grondschoul (d’Roll vum Lëtzebuergeschen)
+ Lëtzebuergesch op Social Media (TikTok)


Net dat Richtegt fonnt?
Da sicht wgl. online no entspriechenden Äntwerten am Beräich Germanistik resp. wëssenschaftlecht Schaffen an der Linguistik.
… oder schreift mer eng E-Mail!