WiWi – e puer Wierder iwwer Wierder

Säit September 2024 sinn ech nees on air um 100,7! Nodeems ech mat de Kuriositéiten am Beräich vun der Grammaire ënnerwee war, kucken ech mer elo speziell Wierder un an erzielen eppes iwwer hir Geschicht, hire Gebrauch oder hir Schreifweis.

Als Linguistik-Proff op der Uni Lëtzebuerg hunn ech all Dag esou vill Wierder virun den Aen, bei deenen ech mer dacks denken: Wow, dat ass awer e super Wuert! An da fänken ech un, mech fir eenzel Aspekter dovunner ze intresséieren: Wat bedeit ‚hott an har‘ wuertwiertlech? Firwat heescht de Pech ‚Uhu‘? Wien ass de ‚-bold‘ am ‚Witzbold‘? Säit wéini ass eng ‚Joffer‘ keng Jongfra méi? Wéi kënnt et zu Wierder wéi ‚Neijooschdag‘?

An déi kleng Wuertgeschichten erzielen ech méindes (16:40) um 100,7 an der Emissioun ‚E puer Wierder iwwer Wierder‘, zesumme mam Simon Larosche. Wien se net live lauschtert, fënnt déi eenzel Episoden hei:


Dir wëllt méi iwwer e bestëmmt Wuert wëssen?
Da schreift mer gär, iwwer wéi ee Wuert ech e puer Wierder soll erzielen!
[Kontakt]